> Kim Kirchen plangt säi Comeback
Thursday, 01 January 1970 02:00

Kim Kirchen plangt säi Comeback

De Kim Kirchen huet sech, Medieberichter vun der belscher Zeitung “Het Nieuwsblad” no, en Häerzschrëttmacher asetze gelooss a géif souguer schonn erëm liicht trainéieren. Deemno soll et schonn am kommende Joer zu sengem Comeback am Proficyclissem kommen.

Den 32 Joer ale Kim Kirchen, dee no der 7. Etapp bei der Tour de Suisse 2010, a sengem Hotelszëmmer kollabéiert war, wëll seng Carrière nach net sou séier opginn. Hien denkt net drun dem Cyclissem elo schonn de Réck ze dréinen, a wäert

am russesche Katjuscha-Team säi Mann stoen an d'HTC Columbia verloossen. No sengem Kollaps war de Kirchen an d'kënschtlecht Koma gesat ginn a konnt eréischt dräi Woche méi spéit d'Spidol verloossen. Kuerz viru senger Entloossung war hie Papp vun Zwillinge ginn, en Usporn sech sou séier wéi méiglech ze erhuelen a fit ze sinn.

D'Katjuscha-Team ass vu sengem fréie Comeback alles anescht wéi begeeschtert. “Et ass irresponsabel, erëm Coursen ze fueren, wann een am Juni bal gestuerwen ass”, sou den Team-Chef Andrej Tschmil. “Et ass wéi eng Bomm, déi all Moment explodéiere kann”. Den Tschmil huet dem Kirchen dann och en Job bei der Équipe ugebueden. Eng Offer, déi de Lëtzebuerger net wollt acceptéieren, hie wëll als Cyclist zeréck an de Suedel. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top