> Happy Birthday Rockhal!
Thursday, 01 January 1970 02:00

Happy Birthday Rockhal!

Ganzer fënnef Joer ass et hier, wéi d'Rockhal hiren Optakt mat grousse Concerten, wéi zum Beispill “The Prodigy” a “Korn” zu Lëtzebuerg gefeiert huet. Deemno gëtt elo eng Hand voll Joere méi spéit erëm all Grond zur Freed.

Zënterdeem hunn immens vill international erfollegräich a bekannte Kënschtler op der Bühn vun der Rockhal hiert Bescht ginn an den deemolegen Indutrieterrain um Site Belval mat Musek, Spaass a Liewen erfëllt. A fënnef Joer kënnen d'Organisateuren op

556 Concerten, mat knapp 500.000 Visiteuren zeréckblécken.

D'lëtzebuerger Kulturministesch Octavie Modert, d'Verwaltungspresidentin Josée Hansen an de Rockhal-Direkter Olivier Toth konnten e Méinden ouni Ausnam e positive Bilan aus der fënnefjäerger Rockhal-Geschicht zéien. Eestëmmeg hu si d'Rockhal, och bekannt als den “Centre des musiques amplifiées”, als e Succès op ganzer Linn genannt.

Besonnesch awer géif den Aspekt vun der Förderung vun der lokaler Musekszeen awer am Mëttelpunkt stoen an och dës Ziler wie méi wéi erreecht ginn, sou déi Responsabel. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top