> Summer Feeling och am Wanter
Thursday, 01 January 1970 02:00

Summer Feeling och am Wanter

LuxairTours huet e Mëttwoch offiziell hiren neie Wanterkatalog annoncéiert, deen ab haut an all Reesbüro erhältlech ass. Mat Hëllef vu sëllechen “Guttwieder-Destinatiounen” wéi Ägypten, Kanaresch Inselen, Marokko an Tunesien, inklusiv Hotelle mat beschte Präis-Leeschtungsverhältnisser, wäert all Summerhongeregen am Wanter seng Plaz ënnert der Sonn fannen.

Mam Verspriechen “Erhueleung pur” a villen All-Inclusive-Pauschalen kann och de klengste Portemonnaie seng ideal Rees entdecken. Vakanz

mat der kompletter Famill soll dann och dëst Joer ouni Zweiwel méiglech sinn, mat interessante Kannerfestpräisser oder och 0 €-Tariffer fir déi Klengst.

Nei dobäi, an dësem Happy Summer Katalog, si ganzer 14 nei Hotelsadressen. Sief et mat dräi neien Clubhotels op de Kanaren, zwee Luxushotellen op Djerba oder den insgesamt néng neien, besonnesch op Kanner ugepassten Hotellen zu Ägypten. Fir all Goût ass eppes dobäi.

Natierlech gelt, wéi schonn an de Joere virdrun, séier buche lount sech. “D'Early Booking”-Promotiounen, tëscht dem 26.12.2010 an dem 02.01.2011 bei enger Reservatioun bis den 30.09.2010, kënne bis zu 150 Euro pro Erwuessene gespuert ginn. Ma iwwerzeegt iech selwer, a gitt de neie Katalog sichen. Weider Informatioune  ginn et am LuxairTours Call Canter um Nummer (+352) 2456-4711 oder op www.luxairtours.lu Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top