> Et war Alkohol am Spill
Thursday, 01 January 1970 02:00

Et war Alkohol am Spill

Wéi d'Police matgedeelt huet ass et géint 01.37 Auer zu Wickreng zu engem spektakulären Accident komm. De Chauffer vun engem Peugeot 106 ass op der Héicht vum Gemengenhaus zu Wickreng vun der Strooss opkomm. Hien ass doropshi mat engem Luuchtepotto an engem Stroosseschëld zesummegeknuppt, huet sech iwwerschloen an ass um Bord vun der Strooss leie bliwwen.

D'Policepatrull vum Centre d'Intervention Dikrech, déi direkt op der Plaz waren, hu beim Mann en erhéichten Alkoholkonsum festgestallt. De Mann ass liicht blesséiert mat der

Ambulanz an d'Ettelbrécker Spidol ageliwwert ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top