> Frankräich géint Lëtzebuerg – wien huet dee längsten Otem?
Thursday, 01 January 1970 02:00

Frankräich géint Lëtzebuerg – wien huet dee längsten Otem?

Virwërf vum Pierre Lellouche

De franséischen Europastaatssekretär Pierre Lellouche huet der EU-Justizkommissarin Viviane Reding e Mëttwoch eng “verbal Entgleisung “ virgeworf, nodeems déi fir d'Grondrechter zoustänneg Lëtzebuergerin d'Roma-Expulsiounen mam Virgoen an der Nazizäit verglach huet. “E Flugticket zeréck an hir EU-Heemecht ass net dat selwecht, wéi Doudeszich a Gaskummeren”

Kloerstellung vum Vivane Reding

No der

internationaler Kritik huet d'EU-Justizkommissarin Viviane Reding e Mëttwochowend kloergestallt, dass si op kee fall en Zesummenhang tëscht der aktueller Situatioun an den Evénementer während dem Zweete Weltkrich hätt hierstelle wëllen. Si bedauert, dass d'Interpretatioun vun hiren Aussoen “vum Problem oflenkt, dat et gelt elo ze léisen”.

De Paräiser Preseidentepalais huet nëmme knapp a kuerz gebonne matgedeelt, et hätt een dës Kloerstellung zur Kenntnis geholl.

E sarkasteschen Nicolas Sarkozy

Den Donnéeë vun de Senateuren no, huet de franséische Staatspresident Sarkozy op d'Aussoe vum Viviane Reding reagéiert, déi wéinst de Roma-Expulsiounen mat enger Klo géint Frankräich gedréit hat. “D'Reding kéint jo Roma an hirem Heemechtsland ophuelen”, huet de Sarkozy bei Mëttegiesse mat de Senateuren vu senger Partei UMP e Mëttwoch virgeschloen. Gläichzäiteg hätt de President d'Äusserunge vun der EU-Kommissarin zum Virgoe vu Frankräich géint d'Roma hefteg kritiséiert, bericht de Senateur Bruno Sido nom Iessen.

De franséische President wëll dann och sämtlech Aussoen, Sträitpunkten a Kritike beim Sommet vun den europäesche Staats- a Regierungschefen, en Donneschden zur Sprooch bréngen.

Den Jean Asselborn kontert

Am Sträit mat de EU ëm d'Roma-Expulsiounen huet de Nicolas Sarkozy, mat senge sarkastesche Spréch net grad fir Freed gesuergt. D'Bemierkung, Lëtzebuerg kéint Roma ophuelen, wier ganz einfach “béisaarteg”, sou de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Hie reagéiert domat op dem Sakozy seng sarkastesch Argumenter beim Mëttegiesse mat senge Senateuren. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top