> Zeienopruff: Gesicht wéinst Erpressung
Thursday, 01 January 1970 02:00

Zeienopruff: Gesicht wéinst Erpressung

Wéi d'Police, an Zesummenaarbecht mat der däitscher Police matgedeelt huet, hat e Mann e Mëttwoch, 15.09.2010 Suen an enger däitscher Bank erpresst. Den onmaskéierte Mann konnt deemno, tëscht 11.36 an 11.58 Auer eng kleng Geldzomm am Clientsberäich vun der Kreissparkasse zu Blieskastel erpressen. D'Fahndung nom onbekannten Täter ass bis ewell nach negativ verlaf.

Täterbeschreiwung:

  • männlech
  • Alter gëtt op 50 (+/-5) Joer geschat
  • zirka 170 cm grouss
schlank kuerz däischter Hoer opfällege Baart iwwert der Lëps bis zum Kënn onraséierten an ongefleegten Androck rout Gesiichtsflecken Brëll mat Metallgestell schwätzt uertsiwwlechen Dialekt ouni Accent


Kleedung:

  • däischter Liedersjackett
  • blo Jeansbox
  • däischter Stréckmutz mat wäisser Schrëft
  • däischtere Schal


Sämtlech Informatiounen si fir den SPJ – RGB vun der Police um Nummer 4997 – 6231 ze mellen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top