> Attack aus Frankräich: “Lëtzebuerg sollt net existéieren”
Thursday, 01 January 1970 02:00

Attack aus Frankräich: “Lëtzebuerg sollt net existéieren”

De franséische Senatsmember Philipp Marini huet sech beklot a kuerzerhand behaapt, Lëtzebuerg sollt eigentlech guer net existéieren. Dës provokativ Ausso huet dem Nicolas Sarkozy säin Parteikolleg geäussert, obschonns d'Viviane Reding sech offiziell zu hirem Verglach, tëscht de Roma-Expulsiounen a Frankräich an der Nazizäit am Zweete Weltkrich, entschëllegt hat.

“Ech hätt mir gewënscht, dass d'Gespréich vum Napoleon den Drëtten an dem Bismarck am Joer 1867 en anert Resultat ervirbruecht

hätt, sou dass Lëtzebuerg net existéiert”, huet de Philippe Marini beim Radiosender “France Culture” erkläert. Wéi wann dës Behaaptung net scho schlëmm genuch gewiescht wier, ass seng Attack géint de Grand-Duché nach weider gaang: “Et gi genuch Bicher an historesch Aarbechten iwwert dës Epoque an der Geschicht. D'Schwächt vum Napoleon den Drëtten huet et Lëtzebuerg erlaabt, ze existéieren”.

Senger Meenung no, wier et eng extrem bequem Aufgab, e lëtzebuerger Minister oder e Kommissar ze sinn, deen de Grand-Duché vertrëtt. Fir hien ass kloer, dass et “eng glécklech Konstellatioun ass, déi ee sech an Europa wënsche kann”. “Lëtzebuerg huet et net emol néideg, seng Steieren anzedreiwen”, sou den 60-Jäeregen weider.

De lëtzebuerger Ausseminister weist sech am Hibléck op dës rassistesch Aussoen déif getraff, an huet sech et net huele gelooss, Stellung ze huelen. Géigeniwwer dem Radio DNR huet hie betount, dass de Marini op kee Fall am Numm vum franséische Vollek  geschwat huet. “Ech ka mir gutt virstellen, dass vill Fransousen iwwert seng Äußerungen nëmmen de Kap rëselen”, sou den Asselborn am Gespréich. Donieft huet hie vun engem “extrem verletzenden a geféierleche Message vum Marini” geschwat, déi ëm Längten alles iwwertreffen, wat de Front National seet. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top