> Bluddegen Amok no Bezéiungsdrama (Video)
Thursday, 01 January 1970 02:00

Bluddegen Amok no Bezéiungsdrama (Video)

D'Fra hat fir d'éischt hiren Ex-Partner an hiren 5-jäerege Bouf ëmbruecht, duerno huet si an engem Spidol en Infirmier a weider Mënschen deels uerg blesséiert, ier d'Police d'Amokleeferin erschoss huet.

Wéi sech um spéidere Moien erausgestallt huet, war d'Täterin méi schwéier bewaffnet, wéi bis ewell ugeholl ginn ass. De Procureur général vu Lörrach, Dieter Inhofer, huet erkläert, dass d'Fra nieft enger klengkalibrescher Waff, och e Messer bei sech hat. Mam Messer ass den Infirmier

erstach ginn. Medieberichter no, handelt et sech bei der Fra ëm eng 43 Joer al Affekotin aus Lörrach.

Den éischte Lieu de Crime ass d'Wunneng vum Ex-Partner an engem Haus am Lörrach Zentrum, wou et och zu enger hefteger Explosioun komm war. D'Fra hat e Brandbeschleuneger benotzt, fir d'Feier auszeléisen. Am Haus hunn de Mann a d'Kand gelieft. Op hirer uschléissender Flucht an d'Elisabethen-Spidol huet d'Amokleeferin spéider den Infirmier ëmbruecht, huet duerch Schëss virum Gebai zwee Foussgänger, sou wéi am Spidol e Policebeamten blesséiert. Liewensgefor huet am der Nuecht bei kengem vun de Blesséierte bestan.

Am Gank vum Spidol ass d'Fra zum Schluss vun der Police erschoss ginn. “Duerch dat séiert Agräife vun der Police konnt Schlëmmeres verhënnert ginn, sou de baden-württembergeschen Policechef Wolf Hammann. Zum Zäitpunkt vun der Explosioun bis zum leschte Schoss wiere nach net emol 40 Minutte vergaang.

Aus dem brennenden Haus vun den éischten Affer hunn d'Pompjeeë sechs Erwuessener an ee Kand misse retten. Insgesamt 15 Bewunner hu mat enger Dampvergëftung missen an d'Spidol ageliwwert ginn. Am ganze ware ronn 300 Polizisten a Rettungsleit aus ganz Südbaden am Asaz.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top