> Ganz Lëtzebuerg géint franséische Senator Marini
Thursday, 01 January 1970 02:00

Ganz Lëtzebuerg géint franséische Senator Marini

Mat Befriemen huet d'CSV d'Äusserunge vum franséische Senat zur Kenntnis geholl, dat d'Existenzrecht vu Lëtzebuerg a Fro stellt, heescht et an engem Communiqé e Méindemoien. Déi ganz Affaire wier hirer Meenung ugaang, nodeems de franséische Staatschef, an engem Konflikt tëscht der franséischer Regierung an der EU-Kommissioun, ganz onnéidegerweis de Grand-Duché an d'Spill bruecht hätt.

D'CSV géif et an deem Kontext immens begréissen, dass de franséische Regierungsspriecher sech

séier vun dësen Äusserunge vum franséische Senat distanzéiere géif.

“D'Aussoe vum Marini sinn absurd. Am Europa vum 21 Joerhonnert d'Exitenzrecht vun enger Natioun a fro ze stellen, wier grotesk. Den Här Marini weess scheinbar näischt vu Geschicht, soos géif hien wëssen, dass déi éischt Halschent vum vergaangene Joerhonnert dovu geprägt war, dass Frankräich a Lëtzebuerg zesumme fir hire Fridde gekämpft haten. Déi zweet Halschent wier dovu geprägt, dass Frankräich a Lëtzebuerg zesummen Eurpa opgebaut hunn”, kommentéiert de Generalsekretär Marc Spautz, an enger Stellungsnam, den onnéidege Sträit.

Ma d'Aussoe vum Marini hunn elo scho fatal Suitë mat sech gezunn...

Studentenaustausch tëscht Veianen a Compiègne op Äis geluegt

De Philippe Marini ass nieft senger Positioun am franséische Senat och Buergermeeschter vu Compiègne. An et ass och just op dem Marini seng Initiative hin, dass tëscht Veianen an der franséischer Gemeng e Partenariat an de vergaangenen dräi Joer fir e neien Opschwong gesuergt hat.

Eigentlech war tëscht den zwou Gemengen, e Studentenaustausch am Abrëll 2011 organiséiert. Dëst ass awer elo vum Gaby Frantzen-Heger, Buergermeeschterin vu Veianen, op Äis geluegt ginn. Dëst huet si am Gespréich mam Radio DNR e Méinde matgedeelt.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top