> Franséische Premier entschëllegt sech
Thursday, 01 January 1970 02:00

Franséische Premier entschëllegt sech

D'Aussoe vum franséische Senator Philippe Marini hu fir grouss Opreegung gesuergt. De Marini ass eendeiteg ze wäit gaang, wéi hien d'Existenzrecht vu Lëtzebuerg a Fro gestallt huet. Beim Gespréich um Fernsehsender “France Culture” huet hie mat senge Kommentaren erkläert, dass et besser gewiescht wier, wann de Napoleon III an de Bismarck sech am Joer 1867 anescht gëeenegt hätten, sou dass Lëtzebuerg net existéiere géif.

 De lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker huet e Méinden an

engem RTL-Radio-Interview betount, dass sech säi franséischen Amtskolleg François Fillon fir dës Äusserungen entschëllegt a sech dovun distanzéiert.

De franséischen Ausseminister huet sech däitlech iwwerrascht ginn iwwert déi extrem rassistesch Behaaptunge vum UMP-Politiker Philippe Marini. Lëtzebuerg wier e Frëndschaftsland, e Grënnungsmember vum gemeinsame Marché a géif Frankräich besonnesch no stoen, souwuel geschichtlech wéi och kulturell. De Bäitrag vum Grand-Duché zum europäesche Bauwierk géif vun alle geschätzt ginn.

Dem Marini seng Aussoe wieren eng Gefor fir dës Frëndschaft an déi enk Zesummenaarbecht op europäeschen a bilaterele Niveau, sou den Ausseministère vu Frankräich. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top