> Déidlecht Iwwerhuelmanöver bei Rippweiler
Thursday, 01 January 1970 02:00

Déidlecht Iwwerhuelmanöver bei Rippweiler

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass et géint 22.00 Auer, op der Streck tëscht Rippweiler a Näerden zu engem déidlechen Accident komm. De jonke Chauffer vu grad emol 20 Joer, aus der Géigend vu Virton, an eenzege Passagéier am Ongléckswon, war a Richtung Näerden ënnerwee an huet en anert Gefier iwwerholl.

De Chauffer am zweeten Auto konnt doropshi beobachten, wéi de Mann d'Kontroll iwwert säin Auto verluer huet a frontal géint e Bam op der lénker Stroossesäit geknuppt ass. Fir wat den

Auto ausser Gewalt geroden ass an et zum déidlechen Accident komm ass, konnt net festgestallt ginn.

D'Police vu Réiden huet ermëttelt an den Accident protokolléiert. Op der Plaz waren déi lokal Pompjeeën, den Zivilschutz, sou wéi de Sauvetage. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top