> Zousazflich fir Chrëschtdeeg an der Sonn
Thursday, 01 January 1970 02:00

Zousazflich fir Chrëschtdeeg an der Sonn

Wann et bei eis kal an däischter ass, lackelt déi kapverdianesch Insel virun der afrikanescher Küst mat Temperaturen tëscht 25 an 30 Grad Celsius. Renge Sand, endlos oft mënscheneidel Stränn, en turqoise hellt Mier, eng liicht Passatloft an eng räich Mieresfauna maachen de Kap Verd dann och zu engem absolute Wanterparadäis fir Sonnenhongereg a Waassersportfans.

Besonnesch d'Insel Sal a Boa Vista, eent vun de neie Wanterziler vu LuxairTours, si bekannt als flaach Strandinselen mat biergege Landschaften an engem angenehm afrikanesche

Flair. Net fir näischt huet Luxair, zanter dem Buchungsstart, eng immens staark Nofro fir dës Wanterdestinantioun verzeechent.

Vum 20.12.2010 bis den 03.01.2011 gëtt dowéinst och, nieft de reguläre Flich, eng Zousazmaschinn agesat. An anere Wierder start an dësen zwou Woche jeeweils Méindes um 10.25 Auer e weidere Fliger a Richtung Insel Sal um Kap Verd. Den zousätzleche Réckfluch ass da vum 21.12.2010 bis den 04.01.2011, jeeweils Dënschdes um 09.10 Auer. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top