> Juncker warnt viru Renationaliséierung
Thursday, 01 January 1970 02:00

Juncker warnt viru Renationaliséierung

“Et gëtt an Europa ëmmer d'Gefor, fir d'éischt déi bannepolitesch Situatiounen am eegene Land ze kucken, amplaz déi europäesch Noutwennegkeeten an d'Aa ze faassen”, sou de Juncker an engem Gespréich mat Amtskollegen zu Berlin. “Dat war ëmmer sou an et hëlt zou, wat ech immens bedaueren”.

De lëtzebuerger Premier huet sech zur Verstännegung an der Roma-Debatt mam franséische President Nicolas Sarkozy  an der däitscher Bundeskanzlerin Angela Merkel getraff. Hien huet awer

national Allenggäng zu dësem Sujet refuséiert. “Wann et Mëssverständnesser tëscht Däitschland a Frankräich ginn, ass et gutt a wichteg, dass alle béid dës Mëssverständnesser iwwerwannen”, heescht et weider am Gespréich. Den Ëmgang vun den zwee Länner mat de Sinti a Roma wier netze vergläichen. Grondsätzlech wier hien awer net begeeschtert iwwer national Allenggäng an dësem Zesummenhang.

Frankräich ass wéinst der massiver Explusiounsaktioun vu Roma hefteger Kritik aus den EU-Länner Bulgarien a Rumänien ausgesat. De Sarkozy hat nach virun enger Woch, nom EU-Sommet zu Bréissel, behaapt, d'Angela Merkel hätt him erzielt, dass och si Roma-Lager an Däitschland wéilt raume loossen. Dëst huet d'Merkel awer direkt demetnéiert. zu New York, um Niveau vun der UNO-Vollversammlung, hunn déi zwee Regierungschefen hir Onstëmmegkeeten opgeléist. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top