> Groussalarm zu Beetebuerg wéinst komeschem Geroch
Thursday, 01 January 1970 02:00

Groussalarm zu Beetebuerg wéinst komeschem Geroch

Wéi d'Police matgedeelt huet, waren déi Responsabele vun der Eisebunngesellschaft, kuerz no 10.00 Auer op en ätzende Geroch opmierksam gemaach ginn. D'Pompjeeë sinn dann och direkt verstännegt ginn, déi an engem ganze Convoi vu Gefierer bestoend aus Police-, Pompjeesween an Ambulanzen, an de Asaz geruff gi sinn.

Et sollt sech erausstellen, dass de Geroch aus enger eideler Zetär, déi aus Südfrankräich a Richtung Antwerpen ënnerwee war an zu Beetebuerg tëschegelagert ginn ass, erausgestréimt ass. De

Groussalarm konnt awer nëmme kuerz Zäit méi spéit, no den Analysen duerch Spezialisten,  ofgeblose ginn. Deemno huet och keng Gefor fir Mënsch an Ëmwelt bestan. Géint 11.30 Auer hat sech d'Situatioun och erëm komplett normaliséiert.

 

Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Beetebuerg, d'Beruffspompjeeën aus der Stad Lëtzebuerg, sou wéi de Regionalinspekter aus der Regioun 6 an d'Police vun Diddeleng.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top