> Kontroll a Lénkskéier verluer
Sunday, 10 January 2010 00:00

Kontroll a Lénkskéier verluer

Wéi d'Police matgedeelt huet, hat eng Automobilistin, géint 17.15 Auer tëscht Beidler a Buddelerbaach, d'Kontroll iwwert hiren Auto verluer. An enger Lénkskéier ass si deemno un d'Schleidere geroden, ass an de Gruef gefuer an huet sech doropshin iwwerschloen.

D'Fra sollt mat engem Schrecken dovu kommen, ass awer zur Kontroll an d'Spidol bruecht ginn. De Centre d'Intervention vu Gréiwemaacher war op der Plaz.

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top