> Regelméisseg Bankentester fir Banken
Sunday, 10 January 2010 00:00

Regelméisseg Bankentester fir Banken

Eenege konnte sech d'EU-Finanzminister net nëmmen op regelméisseg Bankestresstester, och op Verëffentlechung vun dësen Tester si si sech eens ginn. Allerdéngs ass nach net festgeluegt ginn, a wéi engen Ofstänn d'Stresstester duerchgefouert solle ginn. Am Juli haten d'Bankopsiichtsämter an der EU fir eng éischte Kéier ganzer 91 Banken engem Test ënnerzunn an d'Resultater publizéiert.

Dem EU-Währungskommissar Olli Rehn no, léiert d'EU elo, dass eng komplett Transparenz noutwenneg ass, fir de

gehoffte Vertrauenseffekt ze erreechen. De Jean-Claude Trichet, President vun der Europäescher Zentralbank (EZB) huet den Test am Juli och als Selbsttest fir d'Kooperatiounsbereetschaft vun de nationalen Ämter.

Problemkanner Irland a Portugal

Iwwerdeems am Juli ëmmer nach Griicheland als héichverschëlltent Euroland bekannt war, beschäftegen elo déi finanziell ugeschloe Staaten Irland a Portugal d'EU-Finanzminister. Elo hunn d'Finanzministere vun der Eurogrupp vu béide Länner eng éiergäizeg Ëmsetzung vun den ugekënnegte Spuermoossnamen gefuerdert.

Den Eurogruppe-Chef Jean-Claude Juncker weist sech zouversiichtlech, dass Irland seng Versprieche fir eng Konsolidéierung vun hirem Haushalt erfëlle wäert. Irland wäert säin exzessiven Defizit bis 2014 an de Grëff kréien, sou de lëtzebuerger Premier en Donneschden zu Bréissel. Ma de Jean-Claude Juncker hat schonn am Virfeld vum Treffe betount, hie géif net dovun ausgoen, dass Irland den aus der Griichelandkriservigannagen Euro-Rettungsschierm unzape wäert. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top