> Alkohol, Accident, Zeie geschloen a Flucht ze Fouss
Sunday, 10 January 2010 00:00

Alkohol, Accident, Zeie geschloen a Flucht ze Fouss

Wéi d'Police matgedeelt huet, war en Autosfuerer, géint 18.19 Auer en Donneschdenowend an der Rue Prince Jean zu Rodange, an zwee geparkten Autoe geknuppt. Amplaz stoen ze bleiwen, huet hie säin Auto mat héijer Vitesse zeréckgesat an hat dobäi nach bal en Zeien iwwert de Koup gerannt. Zum Schluss ass de Mann op der rietser Fuerbunnsäit an e Verkéiersschëld gerannt an dunn och nach an d'Mauer vun engem Haus.

De Mann, dee ganz eendeiteg zevill gedronk hat, ass doropshin aus sengem Auto geklommen an huet ugefaang mam Zeien ze

diskutéieren, fir him duerno kräfteg mat der flaacher Hand an d'Gesiicht ze schloen. De Panzvollist ass duerno kuerzerhand ze Fouss geflücht.

Nodeems d'Police alarméiert ginn ass, konnt de Mann bei sech Doheem ugetraff ginn. Hien ass op de Policebüro bruecht ginn. Géint de Mann huet e Fuerverbuet bestan an de Parquet générale huet direkt d'Beschlagnahmung vu sengem Auto ugefuerdert. No der Blutt- an Urinprouf, mat uschléissendem Protokoll, erwaart de Mann wahrscheinlech eng säfteg Strof. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top