> Luc Frieden reagéiert op Trichet-Kritik
Sunday, 10 January 2010 00:00

Luc Frieden reagéiert op Trichet-Kritik

An engem Radiosinterview beim DNR, huet sech de Luc Friden zum EZB-President Jean-Claude Trichet senger Kritik um lëtzebuerger indexsystem geäussert. Fir hien ass sécher, dass des Kritik duerchaus Eescht ze huelen ass, deemno schléisst hie sech der kritescher Meenung vum Trichet zur Lounentwécklung am Grand-Duché un.

Kompromëss ass keng Léisung

De Kompromëss tëscht der Regierung an de Gewerkschaften ass a sengem Aen och keng Léisung op laang Dauer. En Ausbezuele vun der

nächster Indextranche den 1. Oktober 2011 hätt éischter an ofbremsenden Effekt, d'Problematik  bleift awer weiderhi bestoen.

“Et léisst sech net ewechdiskutéieren, dass d'Salairen zu Lëtzebuerg an de vergaangene Joere méi staark an d'Luucht gaang sinn, wéi am Rescht vun der Eurozon. Zu Lëtzebuerg loung dës Hausse bei ganzer 41 Prozent, am Rescht vun der Eurozon nëmmen 31 Prozent”,  sou dem Luc Frieden seng Erklärung. Deemno stellt hie sech déi ganz sérieux Fro, wéi et ze verhënneren ass, dass d'Salairen am Grand-Duché méi séier wuesse wéi bei de Nopesch-Vollekwirtschaften.

An deem Kontext, misst een d'Kritike vun der EZB an déi aktuell Diskussiounen ëm den Index mat abezéien. Fir hien ass kloer, dass en ze groussen Ënnerscheed bei der Lounentwécklung geféierlech fir eng Währungsunioun wier, donieft géif och d'Competivitéit vu Lëtzebuerg drënner leiden an och nach fir en Ongläichgewiicht bannent der Eurozon suergen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top