> Clearstream-Verhandlunge si schief gaang
Sunday, 10 January 2010 00:00

Clearstream-Verhandlunge si schief gaang

Clearstream Luxembourg hat annoncéiert ganzer 91 Plaze bis Enn vum Joer 2012 wëllen ofzebauen. Dëse Plazenofbau ass am Hibléck op d'Käschtenreduktiounen wéinst der Verlagerung  vun hiren Aktivitéiten a Polen a Singapur zeréckzeféieren.

D'Gewerkschafte weise sech vun der Haltung vum Clearstream-Management immens schockéiert, déi op keng Négociatiounen a Saache Garantië fir e Maintien effectif de l'emploi agaang sinn. D'Direktioun huet donieft och erkläert, dass si zu dësem

Zäitpunkt net kënne soen, wie vum Plazenofbau betraff ass, dës weideren hu si sämtlech Diskussioune ganz einfach refuséiert.

Fir d'Gewerkschaften ass kloer, dass de Management net amstand ass eng transparent Siicht op d'Ziler vun der Grupp Deutsche Börse fir Clearstream Luxembourg kann opweisen. Ma et hätt éischter den Uschäin, dass hiren Interessi méi doraus besteet, eng progressiv Délocalisatioun vun hiren Aktivitéiten a Polen an, an d'Ausland ze verleeën.

D'Gewerkschaften ALEBA, OGBL/SBA an LCGB/SESF hunn trotz allem ugekënnegt, sech och weiderhi fir d'Vertrieder bei Clearstream Luxembourg anzesetzen, fir sou gutt wéi méiglech d'Intérête vum Personal ze schützen an e Maintien d'emploi zu Lëtzebuerg ze garantéieren. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top