> Zeienopruff: Iwwerfall um Kierfent Saint-Jospeh
Saturday, 10 April 2010 00:00

Zeienopruff: Iwwerfall um Kierfent Saint-Jospeh

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass et um Kierfent Saint Joseph zu Esch/Uelzecht zu engem Iwwerfall komm. D'Affer war amgaang e Graf ze botzen. Si huet gesinn, dass véier Jugendlecher gesinn, déi sech an der Géigend opgehal haten. Zwee vun hinnen hunn doropshi gemaach, wéi wa si e Graf an der Géigend géife botzen. D'Fra huet näischt drop ginn, ma wéi si sech fir e kuerze Moment ëmgedréint huet, huet d'Fal zougeschnaapt.

Ee vun de  véier Täter huet hir d'Posch, sou wéi eng zweet

Sacoche aus der lénker Hand gerappt a sinn a Richtung Kierch St. Joseph geflücht. D'Fra ass hinne nogaang an huet béid Poschen an der Géigend vun er Läichenhal erëmfonnt. Natierlech hu sech d'Täter net mat eidelen Hänn dervugemaach, si haten e schwaarze lieders Portemonnaie aus der Posch matgoe gelooss.

Täterbeschreiweung:
  • ee Jugendleche war tëscht 1,80 an 1,85 Meter grouss, hat eng Jeansbox, eng gro-blo Jackett an eng däischter Kap un
  • déi dräi aner Jugendlech haten eng Jeansbox un a waren tëscht 1,70 an 1,80 Meter grouss
  • dräi vun hinnen haten e Rucksak dobäi
  • zwee vun hinnen hate wäiss Turnschung un


Sämtlech Zeie si gebiede sech beim 113 ze mellen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top