> En Dag fir eis véierbeeneg Frënn (Video)
Saturday, 10 April 2010 00:00

En Dag fir eis véierbeeneg Frënn (Video)

Et ass wéinst der Tatsaach, dass iwwerall op der Welt all Dag en Déier mësshandelt a gequält gëtt, fir wat ronn 200 Leit sech mat hiren Hënn um Glacis versammelt hunn, fir e symbolesche Marsch bis bei d'Place Guillaume II. Sämtlech Participante sinn deemno dem Opruff vum Tania Fettes nokomm, dat dës Aktioun op Facebook an d'Liewe geruff hat.

Dës Initiative ass awer net nëmmen zu Lëtzebuerg ofgehale ginn, iwwerall op der Welt sinn am Hibléck op de weltwäiten Dag fir d'Rechter vun den Déieren

ähnlech Marchen organiséiert ginn. “Dëst ass schonn déi zweete Kéier, dass dëse Marsch zu Lëtzebuerg organiséier ginn ass a mir hoffen, dass nach vill méi Leit an de nächste Joere matmaachen” erkläert d'Tania Fettes, dat sech zanter Joere fir d'Déieren asetzt a staark mécht.

Begleet ginn, si Manifestante vu ronn 50 Hënn, wat bei ville Foussgänger fir immens vill Faszinatioun gesuergt hat. Ma vill Hondsbesëtzer haten eng méi oder manner schéi Geschicht iwwert hiert Hausdéier ze zielen. Wéi zum Beispill d'Geschicht vum John Frank, stolze Besëtzer vun zwee Wandhënn. Hien ass dann och immens frou, bei dëser Aktioun zu Lëtzebuerg säin Deel kënne bäizedroen. “Mir hunn eis zwee Hënn adoptéiert, deen éischte kënnt aus der Belsch an den zweeten aus Spuenien. Hie war op engem Bam erhaang ginn a bal gestuerwen”, erzielt de John.

Dës Praxis ass an Europa net ganz onbekannt an ongewéinlech. An der Regel ginn erstaunlech vill Hënn zum Schluss vun der Juegdsaison erhaang, wa si net produktiv genuch waren.

Foto: Adam Walder Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top