> Budget 2011: “E Budget fir d'Leit a net fir de Staat”
Monday, 10 May 2010 00:00

Budget 2011: “E Budget fir d'Leit a net fir de Staat”

Lëtzebuerg geet et, wat seng Wirtschaft betrëfft trotz allem net sou schlecht. Mengt op alle Fall de Finanzminister Luc Frieden. Et wier ee mëttlerweil an engem Moment ukomm, wou et der Weltwirtschaft besser geet, ëmmerhi kann iwwerall e Wuesstem festgestallt ginn.

“Wuesstem Jo, awer lues an onsécher”

De Wuesstem an Europa ass moderat, et ginn Ënnerscheeder an der Positioun vun de Länner  an och de Chômage geet zeréck, sou e kuerze Bilan vun der aktueller Situatioun. Ëmmerhi

kann déi Europäesch Unioun an d'EU-Kommissioun e Wuesstem vun 1,7 Prozent an dësem Joer an 1,5 fir d'nächst Joer viraussoen.

Och zu Lëtzebuerg ass eng Croissance festgestallt ginn, wann och kleng, wéi de Luc Frieden weider erkläert huet. Zu engem däitleche Réckgang ass am Joer 2009 komm, zu Lëtzebuerg ëmmerhin e Minus tëscht 3,5 an 4 Prozent. Zuelen, déi och de Statec confirméiert huet.

“Wuesstem Jo, och fir d'nächst Joer”

De Budget 2011 ass déi erfreelech Entwécklung an der Konjunktur opgebaut ginn, déi méi héich ausgefall ass, wéi zum Beispill an eise Nopeschlänner. Och de Statec erwaart fir d'nächst Joer e Wuesstem vun ëmmerhin 3 Prozent, iwwerdeems soll d'Inflatioun da bei 1,9 Prozent leien an och de Chômage stabiliséiert sech.

Dem Luc Frieden no, ginn et véier Haaptpunkten, déi am Budget 2011 wichteg sinn. Et wier besonnesch wichteg d'Dépensë kleng ze halen an dobäi den Defizit ze reduzéieren. De Budget 2011 spillt awer och op sozial familljepoliteschem Niveau eng grouss Roll, donieft muss eng konsequent Steierpolitik bäibehale ginn an d'Investitiounen héich gehale ginn.

“Lëtzebuerg läit, wat säin Defizit ugeet, e gutt Stéck ënnert den EU-Critèren”, betount de Finanzminister. Dëst wier a sengen Aen nach laang kee Grond, de Statsbudget op déi liicht Schëller ze huelen, et ass kloer, dass Lëtzebuerg en Iwwerschoss brauch, fir och an de kommende Joeren an en Equiliber ze kommen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top