> Europa setzt China ënner Drock
Monday, 10 May 2010 00:00

Europa setzt China ënner Drock

Zum Schluss vum EU-Asien-Sommet (ASEM) zu Bréissel, hunn d'Euro-Länner  d'Regierung zu Peking zu enger däitlecher Opwäertung vum Yuan opgeruff. China ass bis ewell awer nach net bereet nozeginn, och wann an den USA schonn éischt Strofe wéinst Währungsmanipulatioun zur Debatt stinn.

Hannert dem Währungssträit verstoppe sech handfest Handelsinteressen


E schwaachen Yuan bewierkt, das chinesesch Gidder an Europa an, an den USA méi bëlleg sinn. Ëmgedréint kënne sech

d'Chineese mat enger schwaacher Währung net sou vill Wueren aus den USA an Europa leeschten. D'US-Repräsentantenhaus hat an der vergaangener Woch de Wee fir eng Strof fräi gemaach, fir China sou zu enger Yuan-Opwäertung ze zwéngen.

De Virsëtzenden vun den Euro-Länner, de lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker huet de chinesesche Ministerpresident Wen Jiabao nom Treffe beim ASEM-Somet och opgefuerdert endlech nozeginn. “Den Taux de Change vu China bleift onbewäert”, sou d'Ruge vum Juncker. Bei dësem Gespréich war och de Chef vun der Europäescher Zentralbank (EZB) Jean-Claude Trichet an de Währungskommissar Olli Rehn dobäi. De Währungssträit dierft awer och um EU-China-Sommet net ondiskutéiert bleiwen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top