> Doudeger wéinst Gëftschlamm an Ungarn
Thursday, 10 June 2010 00:00

Doudeger wéinst Gëftschlamm an Ungarn

De gëftege roude Bulli, deen zanter e Méinden aus engem defekte Behälter an der Fabrik zu Ajka ausleeft, breet sech ëmmer méi an den Dierfer aus. D'Regierung zu Budapest schwätzt vun enger Ëmweltkatastrof an huet an den dräi Verwaltungsregiounnen de Noutstand ausgeruff.

Wéi de Leeder vum Katastrofeschutz, György Bakondi, matgedeelt huet, sinn zwee Erwuessener an zwee Kanner, dorënner e Bëbee duerch de Gëftschlamm gestuerwen. Sechs weider Mënsche gi nach vermësst. Vun den 120 Blesséierter

ginn der 62 a Spideeler behandelt, aacht vun hinne wieren an engem liewensgeféierlechen Zoustand.

Den Accident ass e Méindenomëtten an der Aluminiumfabrik zu Ajka geschitt, 165 Kilometer westlech vun Budapest. E Reservoir vun der Fabrik ass au bis ewell nach ongekläerter Ursaach geplatzt, duerno ass 1,1 Millioune Kubikmeter Gëftschlamm ausgelaf an huet sech an den ëmleienden Dierfer verbreet. Et handelt sech hei ëm e gëftege bläihaltegen Offallproduit aus der Aluminiumproduktioun.

 

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top