> Feier an Eefamilljenhaus zu Elleng
Thursday, 10 June 2010 00:00

Feier an Eefamilljenhaus zu Elleng

Wéi d'Police matgedeelt huet, war et géint 05.25 Auer zu engem Brand an engem Haus an der Rue d'Erpeldange zu Elleng komm. Aus bis elo nach ongekläerter Ursaach ass an der Kichen e Feier ausgebrach. D'Pompjeeë sinn dann och direkt erbäigeruff ginn, fir ze hëllefen.

Déi dräi Bewunner vum Haus, eng Fra an hir zwee Kanner, hu misse vun de Pompjeeën, mat Hëllef vun enger Leeder, aus dem éischte Stack gerett ginn. Kenger Persoun ass e Leed geschitt, ma si si sécherheetshalber fir eng Kontroll an d'Spidol bruecht

ginn.

D'Haus ass bis op Weideres net bewunnbar an d'Famill huet vun der Gemeng eng Ënnerdaach gestallt kritt. Am Asaz waren d'Pompjeeë vun Elleng, Mondorf, Fréiseng a Réimech, sou wéi de Samu Lëtzebuerg an eng Ambulanz vu Réimech. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top