> Rives de Clausen: Chaos an Aussiicht
Thursday, 10 June 2010 00:00

Rives de Clausen: Chaos an Aussiicht

Zanter Méint scho lafen déi grouss Sanéierungsaarbechten vun der Stad Lëtzebuerg ronderëm d'Rue Tour Jacob a Clausen op Héichtouren. Bis elo war eng Luucht dofir zoustänneg de Verkéier ze regelen an den Automobilisten eng Méiglechkeet ze ginn, de Chantier méi oder manner gutt ze passéieren, fir via Clausen op  den Cents ze kommen.

Ab e Méinden 11. Oktober bis Februar 2011 wäert dëst awer elo net méi de Fall sinn, huet de Stader Buergermeeschter Paul Helminger haut

annoncéiert.

“Et muss e neie Kabel vun der P&T gezu ginn an dat hëlt déi komplett Breet vun der Strooss an. Et ass deemno onméiglech, och weiderhin nëmmen op enger Spur ze schaffen an de Verkéier fléissen ze loossen”, sou d'Erklärung vum Buergermeeschter, deen dovun ausgeet, dass d'Verkéierssituatioun net einfach wäert ginn.

Eng weider Konsequenz huet dëst awer och op d'Buszirkulatioun. D'Linn 14 an CN1 vum City Night Bus musse wéinst der Spärung ëmgeleet ginn an d'Haltestell an der Rue de Neudorf  bleift zou. Weider Informatiounen zum Thema Chantier a Clausen ginn et och op www.autobus.lu Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top