> RestoDays: Héichgenoss fir e klenge Präis
Thursday, 10 June 2010 00:00

RestoDays: Héichgenoss fir e klenge Präis

Vill Leit kënnen et sech seeten oder guer net leeschten, en Dësch an engem deiere Gastronomie-Restaurant oder Stärerestaurant ze reservéieren. D'Rechnung, déi een an deementspriechende Restaurante virun d'Nues geluegt kritt, ass och net fir all Portemonnie geduecht. An deem Kontext kritt elo jiddereen d'Méiglechkeet, vum 8. bis den 17. Oktober, d'Méiglechkeet an den unerkanntetste Restaurante Plaz ze huelen.

Bei den sougenannten “RestoDays” maachen iwwer 200 renoméiert Restauranten hir Dieren op. D'Amateure vun der

Grande Cuisine kënnen deemno en dräigängegen Menü (Entrée, Haaptplat an Dessert) fir nëmmen 21 Euro Mëttes an 28 Euro Owes, bestellen. Zwar proposéieren déi véier Stärenrestauranten, déi zu Lëtzebuerg matmaachen, ëmmer nach e bësse méi gehuewe Präisser, an awer sinn se am Verglach ausserhalb de RestoDays nach ëmmer raisonnabel. Hei muss een, bei excellentem Service, mat 36 Euro Mëttes an 43 Euro Owes rechnen.

Et ass absolut unzeroden, säin Dësch schonn am viraus ze reservéieren. Nëmmen sou ass een och sécher vun den RestoDays kënnen ze profitéieren. Fir ee vun der heissbegehrten Dëscher ze ergatteren, einfach hei klicken. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top