> Mara Remackel vu Monnerech vermësst
Saturday, 10 July 2010 00:00

Mara Remackel vu Monnerech vermësst

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass d'Mara Remackel e Mëttwochnomëtten als vermësst gemellt ginn. Hatt ass zirka 1,60 Meter grouss, liicht mockeleg an huet schëllerlaang brong Hoer. Um Dag vu sengem Verschwannen hat d'Mara en opfällegen Ouerrank un, eng blo Jeansbox, eng schwaarz dënn Wolljackett a brong Pelzstiwwelen.

Sämtlech Persounen, déi Donnéeën zum Openthalt vum Mara Remackel maache kann, si gebieden um 113 unzeruffen.

         

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top