> Patronat: Méi Cotisatioune fir den Assurée berechtegt
Saturday, 10 July 2010 00:00

Patronat: Méi Cotisatioune fir den Assurée berechtegt

“Eise Gesondheetssystem ass sou generéis, dass mir roueg méi Cotisatiounen vum Assurée verlaange kënne fir hir Krankeversécherung”, sou de Pierre Bley, Sekretär vun der UEL. Hien ass et dann och, deen en Donneschden, déi alternativ Proposen zu de geplangte Moossnamen zu der Gesondheetsreform vun der Regierung mécht.

Ënnert hire Virschléi war zum Beispill d'Aféiere vun engem eenheetleche Cotisatiounstaux fixéiert op 5,26 Prozent. Bis elo gesäit all Salarié op sengem Paiziedel

nämlech net wéi vill säi Patron fir Krankeversécherunh bezillt, ëmmerhi sinn dat 2,7 Prozent. D'UEL proposéiert, das de Salaire brut ëm 2,7 Prozent ugehoff gëtt, sou dass all Salarié déi komplett Chargë fir d'Krankeversécherung, deemno 5,26 Prozent, iwwerhëlt.

“Eigentlech ännert sech weder fir de Salarié , nach fir d'Krankekeess eppes”, erkläert de Pierre Bley weider. Zum Schluss betount d'UEL nach emol, dass si op kee Fall bereet sinn, einfach ze acceptéieren, dass d'Patronater eng Hausse vun de Charge sociale mussen a Kaf huelen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top