> Déifstal-Affer wiert sech a bäisst zou
Tuesday, 10 August 2010 00:00

Déifstal-Affer wiert sech a bäisst zou

Wéi d'Police matgedeelt huet, war e Mann en Donneschdenowend géint 22.10 auer nach op der Vëlospist an der Avenue de la Liberté a Richtung Thillenburg zu Déifferdeng ënnerwee. Op de Héicht vun de rue Alexandre hunn zwee onbekannt Täter hien iwwerfall a konnten him ze Portemonnaie klauen.

De Mann wollt säi Portemonnaie awer net ouni Weideres hierginn, an d'Täter hunn zougeschloen. De Mann huet sech weider zur Wier gesat an  huet ee vun de Ugräifer dunn einfach mol an d'Hand gebass. Déi Zwee sinn

doropshin a Richtung Avenue de la Liberté geflücht.

D'Affer ass spéider liicht blesséiert an d'Spidol bruecht ginn. Eng direkt an d'Weeër geleete Fahndung vun der Police ass awer negativ verlaf.

Täterbeschreiwung:

Et handelt sech ëm zwou männlech Persounen tëscht 17 an 21 Joer vu klenger Statur. Alle Béid hate kuerz schwaarz Hoer, ee vun hinnen hat eng Kap op an e bloe Pullover, deen Zweeten hat wahrscheinlech eng bong Jackett un.

Den CI Déifferdeng ermëttelt a Fall. Eventuell Zeie solle sech beim 113 mellen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top