> Et lieft sech gutt am Hotel Mama
Tuesday, 10 August 2010 00:00

Et lieft sech gutt am Hotel Mama

An der EU27 hunn 20 Prozent Fraen an 32 Prozent Männer am Alter vun 28 an 34 Joer am Joer 2008 mat op mannst engem Elterendeel zesummegelieft. Ma besonnesch bei jonke Studenten, Schüler a jonke Leit an enger Léier ass dësen Undeel, verständlecherweis immens héich, ëmmerhi liewen dräi Véirel vun hinnen nach ënnert dem Daach vun hiren Elteren (71 % Fraen an 82 % Männer).

Zwar geet dës Zuel ëmmer méi zeréck, dofir betrëfft dës Liewenssituatioun an der Altersgrupp bis 34 Joer ëmmer

nach all Véierten. Vun de jonken Erwuessenen an der Altersgrupp vun 18 bis 34 Joer hunn 48 Prozent Fraen an 36 Prozent Männer an enger eheähnlecher Liewensgemeinschaft gelieft.

Dobäi ginn et kloer Ënnerscheeder tëscht de Geschlechter. Jonk Frae plënneren däitlech méi fréi vun Doheem eraus a liewe méi heefeg an enger fester Partnerschaft, wéi zum Beispill Männer am selwechten Alter. Opfälleg laang bleiwen awer jonk Erwuessener an Osteuropa am Hotel Mamma wunnen, besonnesch awer a Slowenien, Slowakei a Rumänien. Geldmangel ass dobäi déi heefegst Ursaach. Méi séier verloosse Jugendlech hiert Nascht an de skandinavesche Länner, wéi Dänemark, Finnland a Schweden.

Zu Lëtzebuerg ass den Taux vun Nesthocker, dann och nach relativ héich. Ëmmerhi läit den Undeel vu jonken Erwuessenen tëscht 18 an 34 Joer, déi nach ëmmer bei hiren Eltere wunne bei 83,8 Prozent bei de Fraen an 89,5 Prozent bei de Männer. A Alter vun 25  an 34 Joer kann ee besonnesch bei de Fraen en däitlechen Ënnerscheed (9,8 %) feststellen, iwwerdeems et bei de Männer nach ëmmer 0,4 Prozent sinn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top