> En Europa ouni Zigarettendamp
Wednesday, 10 November 2010 00:00

En Europa ouni Zigarettendamp

D'EU-Kommissioun wëll de Kampf géint d'Fëmmen elo däitlech verstäerken. “Dat idealt ass en dampfräit Europa”, sou den EU-Gesondheetskommissar John Dalli. Hien huet dann och ugekënnegt, dass d'Kommissioun nach am kommende Joer nei Gesetzespläng virleeë wäert. Zil vun der neier Tubakproduktiouns-Riichtlinn wäert et sinn, d'Fëmmen a sämtlechen EU-Länner manner attraktiv ze maachen, ma och manner gesondheetsschiedleg ze maachen. Dëst beispillsweis duerch eng Verréngerung vu gëftegen a

süchteg maachende Stoffer wéi Nikotin.

Den Dalli huet donieft och proposéiert, Zigarette méi schwéier zougänglech ze maachen, andeems d'Päck zum Beispill manner siichtbar an engem Buttek ausgestallt däerfe ginn. Och Ännerunge bei der  Verpakung géif diskutéiert ginn. “Wat d'Zigarettepäck méi eenheetlech a manner opfälleg ginn, wat besser”, erkläert den Dalli weider. Donieft kéinten ofschreckend Warnbiller a detailléiert Hiwäiser zu de schiedlechen Zubstanzen op de Päck gewise ginn.

Dës weidere fuerdert den Dalli eng konsequent Aféierung vu fëmmfräie Zonen an der EU. “Mir brauchen e komplett Fëmmverbuet a sämtlechen ëffentleche Raim, Verkéiersmëttel an op der Aarbechtsplaz”, betount den Dalli. Ausname fir verschidde kleng Baren oder Béierzelter hält hie net fir sënnvoll. Zu der wirtschaftlecher Begrënnung sot hien, dass et net méiglech wier, dass wirtschaftlech Virdeeler méi wichteg wieren, wéi d'Gesondheet vu Mënschen.

Den Tubakkonsum huet nieft senge gesondheetlechen, och immens staark wirtschaftlech Suiten. Fëmme kascht all Joer 650.000 Europäer d'Liewen. Mat méi héije Krankebestänn bei Fëmmerte féiert den Tubakkonsum donieft zu engem Produktivitéitsverloscht an der Wirtschaft a belaascht d'Gesondheetssystemer all Joer mat Milliardebeträg. “Besonnesch besuergt sinn ech iwwert den Tubakkonsum bei Jugendlechen, ëmmerhi fëmmen 035 Prozent vun eise Jugendlechen an der EU”. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top