> Gemeng Schengen: Majoritéit fir eng Fusioun
Wednesday, 10 November 2010 00:00

Gemeng Schengen: Majoritéit fir eng Fusioun

Iwwerdeems d'Awunner vu Schengen mat 55,4 hiren Accord zu der Fusioun ginn haten, war de Vote an de méi klenge Gemenge Wellesteen (69 %) a Biermereng (76,7 %) däitlech méi héich ausgefall. Deemno steet dem kommunale Regruppement näischt méi am Wee, déi ënnert dem Numm Schengen soll weider bestoen.

“All Gemeng, déi d'Fäegkeet net huet, laangfristeg an op efficace Manéier hir Déngschtleeschtungen a sämtleche Beräicher vun enger gudder Liewensqualitéit an enger gesonder 

wirtschaftlecher Entwécklung ze garantéieren, hunn déi ideal Viraussetzung fir eng Fusioun”, erkläert de Buergermeeschter vu Schengen op senger Internetsäit.

Duerch d'Fusioun vun den dräi Gemengen entsteet deemno och déi gréissten Wäinbauregioun am Oste vum Land, mat ronn 4.200 Awunner an enger Fläch vun 31,42 km2. “Déi dräi Gemenge gesinn am Regruppement virun allem, d'Potential fir eng gemeinsam nohalteg Zukunft”, sou d'Erklärung weider.

Am Kloertext heescht dëst fir déi nei Gemeng eng zousätzlech Allocatioun vun 2.500 Euro pro Awunner am Joer. No der offizieller Fusioun huet de Buergermeeschter Roger Weber awer nach weider grouss Pläng fir seng Gemeng. Sou soll d'Gemeng zum Beispill e Uschloss zu der Autobunn kréien an et gëtt souguer envisagéiert, aus Schengen de lëtzebuerger Zentrum vun der Groussregioun ze maachen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top