> Veiner Nëessmaart: net ëmmer nëmmen e sëffege Spaass
Wednesday, 10 November 2010 00:00

Veiner Nëessmaart: net ëmmer nëmmen e sëffege Spaass

De Nëssmaart zu Veianen huet eng laang Traditioun an och dëst Joer hu sech erëm Dausende vu Visiteuren net nëmme vu Lëtzebuerg zesummefonnt fir alles ze schmaachen, ze kucken an ze probéiere wat d'Noss sou hiergëtt. Bei herrlechem Spéitsummer-Wieder mat vill Sonn, waren d'Stroossen a Gaassen op 800 Meter an der Grand-Rue zu Veianen schwaarz vu Leit.

Nësspâté, Nësszossis, Nësspesto, Nësskuch, Nëssbrout, Waffelen oder Panecher mat Nëss, gëtt et kaum e Produit, wat um Nëssmaart net

an iergendenger Form Nëss enthält. Ma wat bei de Visiteuren, nieft dem Nësswäin, dem Nësslikör an der Nësscrème, de meeschte Succès huet, ass virun allem d'Nëssdrëpp. Mat sengem séiss am Goût mat batterem Nogeschmaach an trotz senger gudder Wierkung op d'Verdauung, ass de Konsum mat Virsiicht ze genéissen.

Eng Traditioun och fir d'Police

Net ëmmer hale vill Visiteure sech un hir Limiten a kucken oft genuch ze déif an d'Glas. Dass de Nëssmaart net nëmme bei de Leit, ma och bei der Police schonn zur Traditioun gehéiert, wësse mëttlerweil déi meescht. Fuergemeinschaften a Busse gi scho laang am viraus fir op de Veiner Nëssmaart organiséiert, sou dass de sëffege Spaass och nach e Sécheren ass.

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass et wéi all Joer erëm zu hirer traditioneller Alkoholskontroll komm. Tëscht 18.00 an 22.00 Auer ware sämtlech Weeër ronderëm Veianen, Tandel, d'N10 tëscht Biwels a Stolzebuerg, Gilsdref an Héischdref, zou. An hir alljährlech Kontroll weist Wierkung. Insgesamt 645 Automobiliste sinn ugehal ginn an hu sech missen engem Otemtest ënnerzéien. Ganzer 14 mol ass e Protokoll wéinst Alkohol verdeelt ginn an nëmmen a véier Fäll wat de Führerschäi fort. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top