> Bréngen d'Steiere manner wéi erwaart?
Friday, 10 December 2010 00:00

Bréngen d'Steiere manner wéi erwaart?

Et ass net de Staat, deen hir Keese mat 100 Milliounen Euro duerch déi zousätzleche Steiere fëllt. Dëst ass op alle Fall mol d'Meenung vum Romain Heinen, Direkter vun der Administration de l'enseignement et des domaines, deen de Moie Stellung zum Budget 2011 beim Finanzminister Luc Frieden bezunn huet.

Senger Meenung no wäerte Steierrecettë manner villverspriechend ausfalen, wéi et eigentlech erwaart gëtt. Fir den Alex Bodry, Rapporteur vum Budget, ass et virun allem de Bäitrag duerch de Finanzsecteur, deen d'Recette klamme

léisst. “Nach ni virdun an der Industriezäit, war de Staat sou ofhängeg vun engem Secteur. De Finanzsecteur bréngt all Joer bis zu 70 Prozent un Recetten nëmmen aus der Taxe professionnel an der Kierperschaftssteier”, sou d'Erklärung vum Sozialist. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top