> Ëmmer méi Auslänner zu Lëtzebuerg
Thursday, 01 January 1970 02:00

Ëmmer méi Auslänner zu Lëtzebuerg

Sécher war ee sech iwwert dës Nouvelle eigentlech schonn, ma elo hu mir et schwaarz op wäiss. Am Grand-Duché liewen ëmmer méi Auslänner. Den aktuellen Donnéeë vum Statistikamt Statec no, si vun de ronn 500.000 Awunner knapp d'Halschent keng Lëtzebuerger.

An de vergaangenen 20 Joer hätt sech d'Zuel vun Auslänner zu Lëtzebuerg quasi verduebelt. Waren et 1990 knapp 115.000, sou ginn et haut scho ronn 222.000 auslännesch Awunner am Grand-Duché.

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
back to top