Dem AMMD Generalsekretär Claude Schummer no gouf et an enger Reunioun vu Representante vum medizinesche Secteur 'unanime décidéiert, d'Aktioun weider ze féieren'. D'Moossname géife se och 'net verschäerfen'.
Hie wier awer mat engem onofhängegen an neutrale Mediateur, wéi et vum Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo an engem Interview mat RTL proposéiert gouf, averstanen.
Allerdéngs wollt hien net op d'Fro äntwerten, wien als Mediateur fir den Debat consideréiert
gëtt.
An engem Message u Patienten huet de Schummer gesot: 'Mir géife gär Merci zu de Patiente fir hiert Verständnis soen. Mir hunn d'Impressioun datt vill vun eise Patienten eis Aktioun ënnerstëtzen. Mir soen dofir Merci'.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352