D'Autoritéiten hunn elo schonn ugefaang, als Virsuerg déi zum Bundesstaat ugehéirend Insel Ocracoke Island ze evakuéieren. Do sinn, nieft den 800 Awunner och e puer Dausend Touristen opgefuerdert ginn, sech um Festland opzehalen.
Den “Earl, dee mëttlerweil u Stäerkt gewonnen huet, wäert den Erwaardunge vum Katastrofeschutzamt FEMA no, net mat sengem Zentrum op d'Küst treffen. D'Gefor géif vill méi dodra bestoen, dass den “Earl” op sengem Wee iwwert d'Mier a Richtung Norden d'Waasser
oppäitscht an zu Iwwerschwemmunge féiert.
Op sengem Wee duerch d'Karibik hat den Hurrikan schonn zu Puerto Rico fir heftege Reen gesuergt, gréisser Schied sinn awer ausbliwwen. Erwaart ginn, dass den Hurrikan laanscht d'Küst vu North Carolina an de Norden zitt. Wierderdéngschter hu gewarnt, de Stuerm géif da wahrscheinlech a Richtung Karibikinsel Haiti zéien, déi am Ufank vum Joer scho mat katastrofalen Äerdbiewen ze kämpfen haten.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352