>
Bofferding huet d'Béierfläsch nei erfonnt. Der Brauerei hir recyclabel Aluminiumsfläsch, déi sech einfach rëm zoumaachen léisst, ass säit engem Mount an de Geschäfter, an huet sech als richtegen Succès erausgestallt. Ganzer 200,000 Fläschen sinn an den leschten 4 Wochen verkaf ginn.
Fir Bofferding koum dësen Succès ganz onerwaart, sou dass d'Stocken e beemol all ausverkaf waren. D'Brauerei berouegt awer Béierfrënn: d'Aluminiums Fläsch soll ab Juni prett fir d'Summersaison erëm an den Geschäfter sinn.