Nieft de sëllechen nationale Bands hu sech och international bekannte Kënschtler dëse Festival net laanscht Nues goe gelooss. Virun allem awer déi däitsch Elektro-Pop-Grupp “Die Atzen”, déi bei ville Leit als Highlight vum Owend gezielt huet, huet d'Mënschemass mat erfollegräiche Lidder wéi “Disco Pogo” an “Das Geht Ab” zum ausflippen a matgröle bruecht.
D'Sängerin Gabriella Cilmi huet direkt duerno lassgeluegt an huet senge Fans eng Performance mat engem ofwiesselungsräiche Repertoire aus sengem éischten an zweeten Album, inklusiv dem bekannte Lidd “Sweet about me” geliwwert. Den Headliner an Haaptband vum Owend war da ganz zum Schluss o der Bühn an huet nach emol uerdentlech Stëmmung gemaach. Déi finnesch Grupp The Rasmus, déi sech zu Lëtzebuerg mëttlerweil immens beléift gemaach hunn, sinn dann och bis an déi spéit Owesstonne gefeiert ginn.
Authors: news352