Op ville Plazen ass et spigelglat, also oppassen an nëmmen den Auto huelen, wann et néideg ass.
10.00 Auer: D'Gemeng Lëtzebuerg deelt mat, datt de Pabeierbierg wéinst enger Waasserfuite zou ass an dat bis muer de Moien.
9.39 Auer: D'Strecken Mëllerdall – Breedeler Bréck, Gräisch – Léisbech, Mamer – Koplescht, Koplescht – Schëndels a Mamer – Kielen, well Beem an d'Stroosse gefall sinn.
9.16 Auer:
D'Europaschoul ass haut zou, mä fir d'Schüler ass dat net ze vill schlëmm well di meescht elo Vakanz hunn.
8.45 Auer: Keng Post haut wéinst dem schlechte Wieder.
6 Auer: De Findel ass erëm op. Mä et gi Verspéidungen an Annulatiounen. Passagéieren sollen hir Fluchgesellschafte fir d'éischt kontaktéieren, ier si op de Fluchhafen kommen.
Säit dem Weekend: Op den Autobunnen ass d'Vitesselimitatioun op 90 km/h erofgesat ginn.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352