> Pakbomm explodéiert a Schwäizer Ambassade
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Pakbomm explodéiert a Schwäizer Ambassade

Duerch d'Explosioun ass en Employé schwéier un den Hänn blesséiert ginn, nodeems hien de Pak opgemaach huet. De Mann gouf doropshin zur Behandlung an d'Spidol bruecht.

Eréischt Ufank November waren a Groussbritannien an Dubai zwee Pakbommen entdeckt ginn, déi per Loftfracht aus dem Yemen an d'USA geschéckt sollte ginn. Een dovunner war am Fluchhafen zu Köln-Bonn ëmgeluede ginn. Kuerz duerno hat eng Serie vu Bommen aus Griichenland,

déi un Institutiounen an Ambassaden am Ausland geriicht waren, fir Onrou gesuergt. Iwwer eng Dose Pakbommen waren entdeckt ginn an deelweis detonéiert. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top