> Explosiounen zu Roum: Schwäizer Employé riskéiert seng Hänn ze verléieren
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Explosiounen zu Roum: Schwäizer Employé riskéiert seng Hänn ze verléieren

Um Donneschdeg si Pakbommen an den Ambassaden ukomm. E 53-järegen Schwäizer Employé huet e Pak opgemaach deen a sengen Hänn explodéiert ass. De Mann befënnt sech nach ëmmer am Spidol a riskéiert seng Hänn ze verléieren. En Employé vun der chilenescher Ambassade leid u Blessuren u sengen Hänn, Aen an u senger Broscht. 'Säi Liewen ass net a Gefor, mä et war Blutt iwwerall', sou de chileneschen Ambassadeur.Hien huet d'Aktioun als 'absolut onrationellen a brutalen Terrorattentat' bezeechent.

Den italieneschen Ausseminister Franco Fattini huet d'Attacken als 'serieux Bedrohung' géint auslännesch Ambassade bezeechent.

Der Police no ginn all Ambassaden zu Roum iwwerpréift. D'Noutzerwisser stinn a Bereetschaft.

D'Autoritéite mengen, eng Anarchistegrupp, di sougenannt Informell Federatioun fir d'Anarchie (FAI), wier fir d'Uschléi responsabel. Bei engem vun de Blesséierte war eng kléng Këscht fonnt ginn. Doranner war e Bréif mam Message 'Mir hunn décidéiert, datt mir eis Stëmme mat eise Wierder an Akten ze héiere ginn. Loosst eis de System vun Dominatioun zerstéieren. Laang liewe d'FAI', sou di italienesch Noriichtenagence Ansa.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top