Den Ausléiser dofir war en Interview mam Juncker an der Zeitung 'Die Zäit', an deem de lëtzebuergesche Premier sech de Bäitrëtt vun der Schwäiz zur EU gewënscht huet. D'Schwäiz wier e geostrategescht 'Unding' an e 'wäisse Fleck' op der europäescher Landkaart'.
Op sengem Internetsite teleblocher.ch huet de nationalkonservative Schwäizer Politiker Christoph Blocher op dem Juncker seng Äusserung reagéiert. 'Dat ass jo ongleeflech!
Esou huet den Hitler geschwat, an huet gesot, d'Schwäiz dat frecht Stachelschwäin an esou Saachen'.
Vum Juncker gëtt et nach keng Reaktioun op dem Bocher seng Ausso. Säi Papp an dräi Monnien sinn am Zweete Weltkrich vun de Nazien zwangsrekrutéiert ginn. Hien huet etlech Familljememberen an de Konzentratiounslagere verluer.
Um 12. Januar treffe sech di zwee Politiker an engem Gespréich iwwer d'EU. Europa ass gespaant.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352