D'Observateurë spekuléieren iwwer dem Schwarzenegger säin nächste Schrëtt. Et ginn der vill déi sech froen, ob den 63-Järegen an d'Filmindustrie zereckkéiere wäert. 'Wäert ech d'Gedold hunn um Set vun engem Film während dräi oder sechs Méint ze sëtzen? Ech weess et net', huet hien am Oktober op Twitter geschriwwen.
De Schwarzenegger huet seng Heemecht an engem klengen Duerf zu Graz an Éisträich am Joer 1968 verlooss nodeems hien eng Rei Bodybuilder Concourse gewonnen hat. Am Alter vun 21 Joer ass hien an Amerika gereest fir senger Leidenschaft ze follegen.
Spéider ass hie weltwäit als Star vum Hollywood Film 'Terminator' bekannt ginn. Mat de Sloganen 'I'll be back' an 'Hasta la Vista, Baby', déi hien als Gouverneur iwwregens och oft benotzt huet, ass hien zum Ikon an der Filmindustrie ginn.
Wéi et schéngt brauch hien och keng Suen. Als Gouverneur vu Kalifornien huet hien nämlech seng Pai refuséiert. Den Angaben no huet hie virdrun 30 Milliounen Dollar pro Film verdéngt an ass dobäi nach en erfollegräiche Geschäftsmann.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352