Facebook-Aktien ginn den Ament op dem sougenannten zweete Maart gehandelt. Dem Internetplattform SharesPost no huet sech de Wäert vu Facebook am leschte Joer op 42,4 Milliarden Dollar verdräifacht. Deemno hunn Investisseuren mat Facebook-Aktien esouguer zu engem Präis, deen d'Entreprise mat 56 Milliarden Dollar bewäert huet, gehandelt. De Numm vu Goldman Sachs als Investisseur géif esou Bewäertunge Glafwierdegkeet ginn, sou d'NYT.
D'Valoriséierung kéint de Facebook-Grënner Mark Zuckerberg, deen iwwregens zum 'Time' Persoun vum Joer 2010 gekréint gouf, zweemol esou räich maachen wéi elo. D'Zeitung Forbes huet säin aktuelle Verméigen op 6,9 Milliarden Dollar geschätzt.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352