> Abroch am Gemengenhaus zu Bascharage
Vendredi, 01 Avril 2011 00:00

Abroch am Gemengenhaus zu Bascharage

Den Täter konnt an d'Gebai andréngen andeems en d'Kellerfënster ageschloen huet. Hien huet all Bureauen duerchsicht an huet dobäi etlech Miwwelen beschiedegt. Beim Versuch, en Tresor opzemaachen, huet hien e schwéiere Materialschued verursaacht.

Dem Täter ass et schlussendlech gelongen, eng Zomm Suen ze klauen. Seng Identitéit ass onbekannt.

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top