Authors: news352
>
Um Denschdegmueren huet de Lycée Technique vu Bouneweg der Police gemellt, datt 43 Fënsteren vum Gebai futti waren. Et hat een mat enger Loftpistoul op se geschoss. D'Projektiler goufen op der Plaz fonnt.
Et ass e schwéiere Materialschued festgestallt ginn. Et gouf kee blesséiert.