> Juncker: 'Alles, wat iwwerdriwwen ass, huet keng Wichtegkeet'
Vendredi, 01 Avril 2011 00:00

Juncker: 'Alles, wat iwwerdriwwen ass, huet keng Wichtegkeet'

De Blocher huet de Juncker jo mam Adolf Hitler verglach, wat am Fong keen esou richteg versteet.

De Juncker huet reagéiert: 'Dat, wat den Här Blocher gesot huet, andeem e mech mam Hitler verglach huet, brauch kee Kommentar. Alles, wat iwwerdriwwen ass, huet keng Wichtegkeet. Ech hunn en ëffentlecht Sträitgespréich, wat als Dialog geduecht war, mam Här Blocher déi nächst Woch zu Zürich. Ech wäert mech mam Här Blocher a mat sengem

Gedankegutt 'live und in Farbe' direkt erklären'

De Juncker mengt och, datt de Blocher hien falsch verstanen huet a säin Kommentar am Interview mat der Zeitug 'Die Zeit' falsch zitéiert huet. 'Ech hunn net gesot, d'Schwäiz wier een 'Unding'. Ech hu gesot, op der kontinentaler Landkaart wier et en Unding, datt mir e wäisse Fleck hätten. A gläichzäiteg hunn ech gesot, dat wier eng Decisioun, déi d'Schwäiz ze huelen hätt. Ech hunn am Kader vun engem extrem Schwäiz-frëndlechen Interview och erkläert, et giff mir zu der Schwäiz näischt Negatives afalen, well et fält mir och näischt Negatives an', huet de Jean-Claude Juncker betount.

Um Mëttwoch, 12. Januar, fënnt dat Sträitgespréich mam Blocher zu Zürich statt.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
back to top