D'Kommissioun huet Formulairen un di aner Internetfirmen geschéckt, fir e Bilan iwwer de Verhalt vu Google ze kréien, sou eng Kommissiounsspriecherin um Mëttwoch an engem Bericht vun der franséischer Zeitung Le Figaro. Enn November huet d'EU e formellt Verfahren géint den Internetgigant Google lancéiert. D'Befroung wier Routine.
D'Kommissioun huet Google ënner anerem a Verdacht, d'Säiten vun anere Suchmaschinnen virsätzlech ganz ënnen gewisen ze hunn. Dobäi geet et ëm
spezialiséiert Suchmaschinnen, déi Präissvergläicher ubidden. D'EU-Kommissioun mengt, datt Google d'Konkurrenz ausgeschloss huet well d'Firma selwer esou en Zerwiss ubitt.
Am Formulaire ginn d'Google-Konkurrenten gefrot, ob si 'plëtzlech oder bedeitend Verännerungen an hirer Anuerdnung' bei Google festgestallt hätten. An der Enquête geet et och ëm angeblech onfair Praktiken vu Google bei Werbeverträg.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352